Historique

 

De Swimming ass haut de gréisste lëtzebuerger Schwammclub mat 821 Lizenzen, dovun 234 Competitiounslizenzen, domat huet den SL 38% vun all de Lizenzen am Schwammsport zu Lëtzebuerg, an bal 25% vun de Competitiounsschwëmmer. Et ass awer net nëmmen dee gréissten, mä och deen eelsten Schwammclub zu Lëtzebuerg.

De 16 September 1919 gouf mam Swimming Club Luxembourg deen éischte grousse Schwammclub zu Lëtzebuerg gegrënnt.
Deemools gouf et zu Lëtzebuerg eng eenzeg zoue Schwämm: d'Badeanstalt. D'Equipe vum Swimming huet dann och do kennen 1 Mol d'Woch am 25 Yard Bassin trainéieren. Ee Mol d'Woch, mä awer d'ganz Joër duerch! Soss gouf nämlech an der Uelzecht oder a Weieren trainéiert. an dat natierlech nëmmen wann d'Wieder et erlaabt huet.

1920 sinn déi éischt Schwëmmer mat op Olympesch Spiller gaang. 1924 zu Paräis ass souguer d'Lory Koster op 200 Brasse 6. an der Finale ginn (an enger Zäit vun 3'39"2). 1928 haten mir zu Amsterdam och fir d'éischt. a fir d'lescht eng Waasserball Equipe op de Spiller -ët war déi vum Swimming. Virun de Spiller vun 1988, waren, ausser dem René Kohn vun der ERA deen 52 an 56 mat war, nëmme Schwëmmer vum Swimming déi Lëtzebuerg op den Olympesche Spiller vertratt hun.

1924 gouf, op Initiativ vum SCL, d'FLNS gegrennt, déi domat déi 6. Federatioun war, déi dem Comité Olympique ënnerstallt war.

Um Ufank vum 2. Weltkrich gouf, 1940, e Stillhaltekommissar fir d'Organisatioun vum Associatiounswiesen hei zu Lëtzebuerg ernannt, deen sollt kucken, dass de Sport no nationalsozialistesche Prinzipien organiséiert wier. Sou goufen d'Verbänn an d'Veräiner gezwongen, en däitsche Numm unzehuelen (dat war dat mannste schlëmmt) an se sollte « judenfrei » sin. Kuerz drop kruten se och matgedeelt, all hier Memberen missten an d'Hitlerjugend oder an de Bund deutscher Mädels antrieden. Am Swimming waren awer nëmmen 30 vun den ronn 500 Memberen bereet dësem Opruff ze follegen. Wei de Generalsekretär vun deemools dem Stillhaltekommissar dat matgedeelt huet, gouf de "Schwimm Klub Luxemburg" opgeléist, an alles wat en hat, Archiven abegraff, gouf confisquéiert. De Swimming war domat een vun den 3 eenzege Clibb, déi sech dem Nazirégime net ënnerworf haten.

1965 krut den SCL, mat der Piscine vum Athenée, d'Méiglechkeet an enger 25m Piscine ze trainéieren. 1969 koum dunn och nach d'Piscine zu Bouneweg dobäi.

1969 gouf och den éischten CIJ an dëser Piscine organiséiert. Den CIJ war déi éischt grouss international Course zu Lëtzebuerg, a ganz sécher haut nach déi gréissten déi vun engem Club organiséiert gëtt.

1979 gouf et eng Scissioun an d'Grënnung vu Luxembourg Natation. Domat gouf et 2 Clibb an der Stad, verbonne mat enger staarker Konkurrenz zwëschen hinnen, mä awer och mat der Opdeelung vun den Trainingsméiglechkeeten. Dess Scissioun huet bis den 21. Oktober 1993 gedauert, wou, no längeren Negociatiounen, déi zwou Assemblées Générales bal eestëmmeg décidéiert hun déi 2 Clibb ënnert dem Numm Swimming Lëtzebuerg nees zesummen ze bréngen.

De Swimming war ëmmer innovativ mam aféieren vun neien Schwammaktivitéieten. Waasserball a Konschtsprangen waren vun Ufank un dobäi, Sauvetage koum séier bäi. Mä och rezent huet de Swimming als éischte Club zu Lëtzebuerg eng Sektioun Synchronschammen Enn 80 Joren lancéiert. Et war och 1991 deen éischten, deen eng Masters Sektioun hat. An, och wann d'Konschtsprënger an de 70er hiren eegene Club gegrënnt hun, ass den SL haut e Veräin dee quasi all Schwammsportart ubitt.

De Swimming huet och 1992 deen éischte vollprofessionellen Trainer agestallt, nach virun dass et e professionellen Nationaltrainer gouf, an huet domat e neie Jalon am lëtzebuerger Schwammsport gesat.

Mä, de Swimming ass virun allem dee Club, dee sportlech am meeschten Opweises huet:

  • Sou goufen, vun den 1550 Rekorder, déi hei zu Letzebuerg am Schwammen opgestallt goufen der 1120 vu Schwëmmer aus eisem Club geschwommen, dat sinn der bal 3/4.
  • Vun de Schwëmmer, déi op den Olympesche Spiller waren, waren vun 32, der 23 vum Swimming, dat ass quasi déi selwecht Proportioun.

Sou steet de Swimming, bis haut, fir sportlesch Excellenz.

Navigation